
D'Chambre des Salarié kritiséiert de Manktem u Mëttel an déi schlecht Organisatioun am Beräich vun der Sécherheet a Gesondheet op der Aarbechtsplaz. D'Thematik wier besonnesch elo wärend der aktueller Kris nach eng kéier frësch opgekacht ginn, esou d'Presidentin vum CSL, Nora Back. Nach ëmmer géif net jiddwer Salarié vun der nämmlechter Protektioun profitéieren.

All Salarié sollt d'Recht op en héijen Niveau u Schutz op der Aarbecht hunn. Déi grouss Ënnerscheeder géif ee virun allem bei de méi klenge Betriber ëmmer nees gemellt kréien. D'Frequenz an d'Qualitéit vun de Kontrollen op der Aarbecht wieren awer op kengem héijen Niveau fënnt d'Chambre des Salarié. D'Fuerderungen si kloer. Den David Büchel, Conseiller vun der Direktioun: „D'Legislatioun am Beräich Santé/Sécurité Travail muss gestäerkt ginn – mir brauchen do méi éiergäizeg Gesetzer. D'Kontroll, de Respekt virun dee Gesetzer muss verstäerkt ginn. An drëttens muss un der Preventioun geschafft ginn, spréch der „Médecine du Travail."
Punkto Gesetzgeebung misst am Beräich Psycho-Sociaux nogebessert gi fir de Risk fir Stresskrankheeten ze minimaliséieren. De Stress a Burn-Out Risiko klëmmt – och zu Lëtzebuerg: „De Congé de Maladie fir Depressiounen oder aner Stresskrankheete geet konstant an d'Luucht.“

D'Obligatioune vum Patron an esou engem Fall missten zu Lëtzebuerg méi kloer preziséiert ginn. Hei misst ee virun allem iwwert d'Preventioun an d'Risiken opgekläert ginn. Och déi sougenannten TMSen, also „Troubles musculosquelettiques“ - bréichten eng Reglementatioun fir d'Preventioun vun dëse kloer ze ëmschreiwen: „2020 hu 35% vun de Leit déi schaffe gi sech reegelméisseg iwwer Réck, respektiv Gelenkwéi, geiergert. Dat kennt duerch d'Intensivéierung vun der Aarbecht, duerch eng inadequat Aarbechtsorganisatioun, oder och duerch de Verschläiss bei de manuelle Beruffer.“
Ënnert dem Slogan “Mieux vaut prévenir que guérir“ huet d'Chambre des Salarié dann och haut hir Campagne zur Sécherheet a Gesondheet op der Aarbechtsplaz virgestallt. An enger Aktioun déi sech ënner anerem iwwert d'Sozial Medien zitt, soll verstäerkt op d'Preventioun vun Accidenter a Krankheeten op der Aarbecht sensibiliséiert ginn.