RTL-InformatiounenKonsens-Kandidat Claude Wiseler ass partant fir d'CSV-Presidence

Roy Grotz
Pierre Jans
De 24. Abrëll ass CSV-Nationalkongress. Do wielen d'Parteimemberen dann eng nei Presidence an en neie Generalsekretär.

An den nächste Woche soll eng Ekipp forméiert ginn, déi matenee schaffe kann an déi d'Majoritéit vun de walberechtegte Memberen hannert sech brénge kann. Jonk Politikerinnen a Politiker sollen un der Parteispëtzt matschaffe kënnen.

D'Stéphanie Weydert, eng vun den zwou aktuelle Vizepresidentinne vun der Partei, huet RTL géintiwwer betount, sech all Dieren opzehalen. Si hätt op alle Fall Loscht och weiderhin Responsabilitéit un der Spëtzt ze iwwerhuelen.

Den Informatioune vun RTL no ass et de Claude Wiseler, dee seng Erfarung mat an déi nei Ekipp brénge soll.

De Claude Wiseler wär deemno am Gaange seng Ekipp zesummenzesichen. Hie wäert wuel mat enger Kandidatin oder engem Kandidat fir de Posten vum Generalsekretär zesummen kandidéieren.

Am Sënn vum Renouveau an der Partei gëtt eisen Informatiounen no och en internen Audit vun de Finanze vun der Partei gemaach. D'Stéphanie Weydert wollt sech op Nofro hin dozou awer net ëffentlech äusseren.

An der Affär ronderëm d'Aarbechtsverhältnis vum Frank Engel mat der Associatioun CSV Frëndeskrees leeft den Ament eng Instruction préliminaire vum Parquet géint dës ASBL.

De Frank Engel léisst säin Amt den Ament rouen a wäert wuel net méi als Parteipresident kandidéieren.

CSV/Reportage Pierre Jans

Wéi kann een nees zeréck an de Match kommen?

Wie kann d'Partei féieren a virun allem nees eng Ekipp forméieren?

Wichteg Froen, op déi CSV-Politikerinnen a Politiker den Ament awer net wierklech äntwere wëllen. Wuel virun allem, well se selwer nach keng definitiv hunn. Hannert de Kulisse gëtt sech dofir intensiv beroden.

D'Tendenz, déi sech a Gespréicher mat CSV-Politiker confirméiert, geet a Richtung vun enger gemëschter Parteispëtzt. E jonke Politiker oder eng jonk Politikerin zesumme mat engem oder enger méi Erfuerener solle sech als Ekipp presentéieren. An der CSV ass dat keng Selbstverständlechkeet. De Poste vum President an dee vum Generalsekretär solle vun engem Team iwwerholl ginn. Genee déi Formule hat de President vun der Chrëschtlech-Sozialer Jugend Alex Donnersbach uganks der Woch RTL géintiwwer gefuerdert.

D'Stéphanie Weydert, 36 Joer jonk, an eng vun den zwou Vizepresidentinnen, déi d'Responsabilitéite vum Frank Engel kommissaresch iwwerhuelen, seet RTL géintiwwer, si géif sech all Dieren ophalen. Si hätt awer Loscht, Responsabilitéit un der Parteispëtzt z'iwwerhuelen.

RTL-Informatiounen no wär de Claude Wiseler, 61 Joer jonk, e méigleche Kandidat, deen déi gewënscht Erfarung mat an déi nei Ekipp brénge kann. Op Nofro hi wollt den Deputéierte weder confirméieren, awer och net dementéieren. Spëtzekandidat fir d'Nationalwalen 2023 wëll hien awer ganz sécher net ginn.

D'Fro vun der Parteispëtzt soll vun där vun der Spëtzekandidatur lassgekoppelt ginn, doriwwer schéngt et aktuell Konsens ze ginn. Grad ewéi doriwwer, dass d'Partei elo en Neistart woe muss.

D'Kandidature fir d'Presidence mussen den 9. Abrëll dobanne sinn. Vill Zäit bleift also net méi, fir eng Ekipp zesummestellen, mat där een d'Majoritéit vun den walberechtegten d'CSV-Membere potentiell iwwerzeege kann. Viru gutt zwee Joer hat de Frank Engel déi krut.

Fir dee gewënschten Neistart léisst d'CSV RTL-Informatiounen och en internen Audit vun hire Finanze maachen. E puermol dorop ugeschwat, huet d'Vizepresidentin Stéphanie Weydert betount, sech elo ëffentlech net iwwer esou Saachen ze äusseren.

D'CSV mécht eng schwéier Zäit duerch.

Back to Top
CIM LOGO