Am Parlament ass en Donneschdeg iwwer d’Clusteren an den Altersheemer diskutéiert ginn an eng onofhängeg Enquête gouf gefuerdert. Et ass deels héich hiergaangen, et gouf perséinlech an emotional – tëscht Oppositioun a Majoritéit.
D’Mësstrauensmotioun géint d’Ministesch Cahen ass wéinst de Stëmme vun der Majoritéit net ugeholl ginn.
U sech sollt et eng Diskussioun sinn iwwert déi vill Corona- an Doudesfäll a verschiddenen Altersheemer. Eng onofhängeg, extern Etüd iwwer d’Clusteren an den Altersheemer soll gemaach ginn. Mat de Stëmme vun der Majoritéit ass eng entspriechend Motioun ugeholl ginn. Déi vun der Oppositioun ass refuséiert ginn.
D’Initiativ, fir sou eng Etüd, ass vum CSV-Député-maire Michel Wolter ausgaangen. Um Enn louchen zwee Texter um Dësch a Majoritéit an Oppositioun hunn et net fäerdeg bruecht, fir sech op een Text ze eenegen.
Et wär un der DP gescheitert, déi wéilt hir Ministesch schützen, huet de Michel Wolter gemengt. Déi, iwwert déi enquêtéiert gëtt – d’Regierung - wär en Deel vun der Enquête, huet de Pirat Sven Clement bedauert. Déi Lénk an den David Wagner hätte léiwer eng Enquêtëkommissioun gehat. D’ADR huet sech gefrot, firwat d’Majoritéit net einfach den Text vum Här Wolter matstëmmt, wa se jo Opklärung wéilt.
"Ech ënnerstëtzen eng onofhängeg Enquête", sot d’Familljeministesch Corinne Cahen. Si wollt sech net soe loossen, datt hire Ministère seng Aarbecht net gemaach hätt an huet opgezielt, wat alles ënnerholl gouf. Zu Nidderkuer wären e puer Variante vum Virus fonnt ginn, huet si ënnert anerem erkläert. Den Detail hätt een awer nach net.
Et wär och e bewosste Choix gewiescht, fir d’Clusteren net ze kommunizéieren. Fir d’Haiser, d’Bewunner, d’Personal an d’Familljen ze schützen a si anstänneg schaffen ze loossen.
All d’Altersheemer sinn elo zweemol geimpft, huet d’DP-Ministesch ënnerstrach. De Moment hätt een trotzdeem e Cluster an engem Altersheem an der Stad - 20 Fäll - 3 Wochen, nodeems d’Leit do hir zweet Impfung kruten. D’Residentë wäre bis ewell guer net oder net schlëmm krank. Mä et géif weisen, datt een och mat Impfung net zu 100% op der sécherer Säit wär an net kéint op d’Gestes-barrièren verzichten.
D’Gesamtoppositioun huet dono d‘Demissioun vun der Familljeministesch Corinne Cahen gefrot. Si huet no der Ried vun der Ministesch kritiséiert, datt se net op d’Motiounen agaange wier, mä just e preparéierte Rechtfäerdegungstext virgelies hätt.
D’Regierung géif sech hannert hir Ministesch stellen, sot den LSAP-Vizepremier Dan Kersch. D’Deputéiert vun der Majoritéit hu kritiséiert, datt de Michel Wolter géif vun enger Situatioun profitéieren, fir Stëmmung ze maachen, an dat net fir d’éischt.