DippechKollisioun tëscht Moto an Auto - Helikopter war op der Plaz
RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie géint 11 Auer gouf et zu Dippech an der Route de Luxembourg eng Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto.
Update: 10.12.2025 14:52
Eng Persoun gouf beim Accident verwonnt. De Rettungshelikopter war op der Plaz. Weider waren och d'Ambulanz vu Mamer an de CIS Dippech sou wéi d'Police do, fir ze hëllefen.