
Heibäi goufen 2 Persounen aus Lëtzebuerg verwonnt. Den Informatioune vun der däitscher Police no huet den éischten Auto missen ofbremsen an déi zwee aner Ween sinn hannendrop gerannt.
Verwonnt goufen déi zwee Lëtzebuerger, déi am Auto an der Mëtt waren. Allebéid goufe se op der Plaz behandelt a koumen uschléissend an d'Spidol.
D'Streck war komplett fir den Trafic gespaart.
