
Déi ronn 333.000 Arrivéeën zu Lëtzebuerg sinn e Plus vun iwwer 50 Prozent am Verglach zu 2019, éier et duerno duerch d'Corona-Restriktiounen en Abroch an de Chiffere gouf.
De Camping-Secteur huet sech nees gutt erholl zanterhier. Sou goufen op de Lëtzebuerger Camping-Sitten zejoert ronn 1,3 Milliounen Iwwernuechtunge gezielt, wat en Drëttel méi ass wéi 2019. Dat schwätzt fir d'Attraktivitéit vun de Lëtzebuerger Campingen, déi keen Nischen-Secteur méi sinn, mee e Motor fir de Wuesstem vun der Tourismusbranche.
Sou huet et och de Wirtschafts- an Tourismusminister Lex Delles gesinn, deen dëser Deeg de Salon CARAVAN zu Düsseldorf besicht huet - eng Foire, déi all Joer méi wéi 260.000 Visiteuren unzitt a wou och Lëtzebuerg mat engem Pavillon vertruede war. Den Akzent louch do um Potential vun der Vakanzendestinatioun Lëtzebuerg an de Secteuren Trëppelen, Cyclissem, Camping a Caravaning.