Comeback vu Georges Mischo net méiglechKnaff, Šehović an Zwally: Dräi Changementer am Escher Schäfferot

Pierre Weimerskirch
Zu Esch kënnt et zu e puer personelle Changementer am Schäfferot. Déi 3 Koalitiounspartner kréie jeeweils een neie Schäffen. De Georges Mischo kann net noréckelen.
Gemengewalen Esch 2023
D’Gemengenhaus zu Esch kuerz virun de Walen am Juni 2023.
© RTL

Am Escher Schäfferot stinn eng Rei Ännerungen un. Wéi de Buergermeeschter Christian Weis als Invité vun der Redaktioun erkläert huet, wäerten dräi vun de fënnef Membere sech vun hire Funktiounen zeréckzéien.

Betraff sinn den André Zwally (CSV), de Pim Knaff (DP) an de Meris Šehović (déi Gréng). Trotzdeem géif d’Koalitioun hir Aarbecht viruféieren. “Fir mech als Buergermeeschter ännert dat net esouvill”, esou de Christian Weis. D’Zesummenaarbecht tëscht den dräi Partner géif gutt funktionéieren, an de Koalitiounsaccord bleift déi zentral Richtlinn.

Retour no Ministerposten net méiglech

Virun e puer Méint war och an der Diskussioun, dass de Georges Mischo wéilt zeréck an de Gemengerot, dat nodeems hien als Sports- an Aarbechtsminister zeréckgetrueden ass. Elo, wou deemnächst eng Plaz am Gemengerot fir d’CSV fräi gëtt, eng Fro déi sech nees stellt.

Op Nofro huet den Inneministère RTL gesot, dass et net méiglech ass, dass de Georges Mischo nees zeréck an de Gemengerot kënnt. Well hien demissionär war, well e Minister ginn ass, wier e Retour net méiglech. D’Demissioun wier schrëftlech un den Inneministère gaangen an déi wier an dësem Fall definitiv.
An engem Arrêt vun der Cour administrative vum 18. Januar 2008 steet dozou:
“En effet, tant le conseiller qui se désiste de son mandat que celui qui démissionne renoncent, l’un et l’autre, pour l’avenir, de leur mandat électoral et partant de leur siège au conseil communal.”

De Georges Mischo huet op Nofro erkläert, dass vu senger Säit och keng Demande gemaach gi wier, ob e Retour an d’Lokalpolitik méiglech wier.

Rochade bei Déi Gréng

Beim Meris Šehović steet scho fest, wéi et weidergeet. Hie wiesselt aus dem Schäfferot an de Gemengerot, wärend d’Mandy Ragni seng Plaz am Schäfferot iwwerhëlt. De Wiessel ass elo am September.

Den Deputéierte vun Déi Gréng betount op Nofro, datt hie seng Decisioun bewosst geholl huet: Hie wéilt sech weider fir d’Stad Esch engagéieren an d’Projeten am Gemengerot matdroen. Gläichzäiteg gesäit hien am Wiessel eng Chance, enger jonker Fra méi Verantwortung ze ginn.

De Meris Šehović an d’Mandy Ragni tauschen hir Posten elo am September.
© RTL Grafik

Bei der CSV an DP stinn nach Froen op

Den André Zwally (CSV) sot RTL kloer, datt hie sech komplett aus der aktiver Gemengepolitik zeréckzitt.

D’CSV Esch huet nach net bekannt ginn, wien de Poste vum André Zwally iwwerhëlt. De Pascal Bermes (riets) krut bei de Walen 2023 3.319 Stëmmen.
© RTL Grafik

Weider Detailer zum Zäitpunkt vum Wiessel sollen nach matgedeelt ginn. De Pascal Bermes ass aktuell den CSV-Conseiller mat de meeschte Stëmmen.

Och de Pim Knaff (DP) hält als Schäffen op. Hien hat schonn ugedeit, säi Mandat net bis zum Enn ze féieren.

De Pim Knaff géif duerch d’Daliah Scholl ersat ginn.
© RTL Grafik

Konkret Detailer wollt hien awer nach net nennen. Seng Plaz am Schäfferot kéint d’Daliah Scholl iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO