
De Staat hat am Abrëll 2016 ewell am 1. Urteel „au civil“ Recht kritt; dee Moment war festgehale ginn, dass de Guy Rollinger sengerzäit net Vertragspartner war.
Viru ronn 10 Joer stoungen hei am Land zwee grouss Bauprojeten am Raum: engersäits dee vum Guy Rollinger zu Wickreng, anerersäits dee vum Flavio Becca zu Léiweng.
D'Affekotin vum Guy Rollinger hat am Appellprozess gesot, de Staat hätt deen zu Léiweng favoriséiert an hire Client dozou invitéiert, deen zu Wickreng opzeginn. Well de Guy Rollinger direkt verstanen hätt, dass säi Projet eng Doudgebuert wär, hätt hien acceptéiert, en opzeginn; e Kontrakt tëscht him, dem Staat an dem Flavio Becca wär d'Konterpartie dofir gewiescht.
Am juristesche Sträit goung et ëm d'Fro, ob de Guy Rollinger dee Vertrag ënnerschriwwen hat oder de Groupe Guy Rollinger.
Fir de Staat hätt een dee Kontrakt net mam Guy Rollinger ënnerzeechent. Deem säi finanzielle Schued soll sech engem Bureau d'études no iwwregens op ronn 196 Milliounen € chiffréieren.