
Wéi d'Police op der Plaz ukoum, war Situatioun immens oniwwersiichtlech. Ënnert den iwwer 200 Leit, déi sech op der Kinnekswiss zesummefonnt haten, waren e puer Kläppereien ausgebrach. Och vun Déifställ mat Gewalt geet rieds.
Am Hibléck op d'Corona-Mesuren huet d'Police de Rassemblement opgeléist. E puer Policepatrullen aus dem Süden an Osten goufen als Verstäerkung erbäigeruff an zesumme gouf de Park "duerchkämmt".
Eng Persoun gouf um Enn festgeholl, well si soll geklaut hunn.
Wéi et heescht, gouf bei de Kläppereie kee seriö blesséiert. Bei der Aktioun ware ronn 70 Polizisten an de Policehelikopter bedeelegt.