Eng Persoun blesséiertKläpperei mat Messerpickerei an der Stroossbuerger Strooss

RTL Lëtzebuerg
Géint 18 Auer gouf d'Police geruff, well Leit virun engem Bistro an der Stroossbuerger Strooss an der Stad unenee gerode waren.

Zesumme mat enger Hondsstaffel sinn  d'Beamten op d'Plaz komm an hunn éischt Hëllef bei engem Mann geleescht, dee mat engem Messer blesséiert gouf.

Ee Verdächtegen, deen eng Matraque bei sech hat, wéi och de presuméierten Täter an d'Waff konnte no enger kuerzer Sich fonnt ginn.

De Parquet gouf informéiert an huet de presuméierten Täter verhafte gelooss. Dëse kënnt nach e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO