
D'Cour Constitutionnelle huet dëst de leschte Freideg tranchéiert.
D'Friddensgeriicht hat an engem Litige tëscht dem Kierchefong, der Hollerecher Kierchefabréck an der ASBL Saints Pierre et Paul am Juni zejoert tranchéiert a 5 prejudiciell Froen un d'Verfassungsgeriicht weiderginn.
An der Haaptsaach goung et ëm de Loyer vu 4 Gebailechkeeten, déi der Hollerecher Kierchefabréck gehéiert haten, mee déi de facto un de Kierchefong gefall waren. Am Raum stoung d'Fro, ob et zu enger Expropriatioun duerch de Kierchefong komm wier.
Och den Daachverband vun de Kierchefabrécken, Syfel, hat jo drop plädéiert, datt dëst eng Enteegnung gewiescht wier.
Duerch d'Urteel vun der Cour Constitutionnelle ass awer lo gekläert, datt de Kierchefong verfassungskonform ass; sou dass de Prozess ëm gefrot Loyeren, déi de Kierchefong afuerdert, lo ka weidergoen.
Op RTL-Nofro hi weist sech de Weibëschof Leo Wagener zefridden a seet, datt een op der ganzer Linn Recht krut, nämlech, datt de Kierchefong an all d'Prozedure ronderëm dës Institutioun der Verfassung géifen entspriechen.
Nom Arrêt vun der Cour Constitutionnelle kënnen lo all aner Prozesser, déi de Syfel géint de Fonctionnement vum Kierchefong entaméiert hat, weidergoen - allemol geet et do ëm Proprietéitsrechter a ganz vill Suen.
