Sam Tanson an Taina BofferdingKeng Steeë vu Mobilier vun entweite Kierchen

Roy Grotz
D'Kultur- an d'Inneministesch wëssen näischt vu Steeën, wou de Mobilier aus entweite Kierchen a Kapellen vum Kierchefong zu Geld gemaach gi wier.

Dat hat den DP-Deputéierten André Bauler an enger parlamentarescher  Fro bei de Ministere Sam Tanson an Taina Bofferding nogefrot, well hien vun esou Steeën héieren hat.

Deemno géif mobile Patrimoine aus desakraliséierte Kierchen a Kapellen einfach verschwannen.

Dovunner wëssen d'Ministeschen awer näischt a betounen, datt aktuell den Interieur vun 21 Kierchen geschützt ass.

Déi aktuell Legislatioun iwwert den Denkmalschutz gesäit nämlech och vir, datt mobil Objeten aus Kierchegebaier wéi Statuen oder och Klacken kënnen als "Monument national" klasséiert ginn.

An Zukunft wäerten der Kultur- an der Inneministesch no dann och weider Kierche mam Mobilier geschützt ginn.

PDF Parlamentaresch Fro an Äntwert

Back to Top
CIM LOGO