
An der Äntwert vun der Gesondheetsministesch op zwou dréngend parlamentaresch Froe vun der LSAP a vun der CSV heescht et, all Land kéint selwer decidéieren, wat een dierf, wann een esou en Zertifikat huet, ouni awer ze preziséieren, a wéi eng Richtung een zu Lëtzebuerg wëll goen.
D‘Grondiddi vum Zertifikat wier, datt d’Bierger nees fräi reese kéinten. D’Santé confirméiert, datt den „EU Digital Covid Certificate“, deen den 1. Juli EU-wäit soll agefouert ginn, scho Mëtt Juni hei am Land wäert prett sinn. Et wier iwwerdeems eng Iwwergangsphas vu 6 Woche virgesinn. Mam Covid-Zertifikat soll een an Zukunft EU-wäit kënnen noweisen, datt ee geimpft ass, en negativen Test huet oder Antigène géint de Coronavirus huet, nodeems een infizéiert war.