MënscherechtskommissiounKeng gratis PCR-Tester fir net-geimpfte Leit verfeelen d'Zil

Fanny Kinsch
Där Meenung ass d'CCDH, déi awer och de CovidCheck am Spidol fir Patiente kritesch gesäit.
© JOSEPH EID / AFP

D'Decisioun vun der Regierung, datt net-geimpfte Persoune vum 15. September u musse fir hir PCR-Tester bezuelen, wa se keng Ordonnance vum Dokter hunn, riskéiert Leit ze diskriminéieren an ze marginaliséieren an net zum Zil bäizedroen, datt méi Leit sech impfe loossen. Zu där Conclusioun kënnt déi consultativ Mënscherechtskommissioun an hirem Avis zum neie Covid-Gesetz, andeem si och op weider Annonce vun der Regierung ageet, déi net per Gesetz gereegelt sinn.

Mënscherechtskommissioun iwwer Covidgesetz / Fanny Kinsch

Et wier d'Responsabilitéit vum Staat, dofir ze suergen, datt sou vill Leit wéi méiglech sech impfe loossen, fir d'Gesondheet vun der Allgemengheet, vum Eenzelen a vun deenen, déi sech net kënnen impfe loossen, ze schützen, seet de Max Mousel, Jurist bei der Mënscherechtskommissioun. Allerdéngs misst ee gesinn, datt et ganz ënnerschiddlech Grënn ginn, firwat Leit sech net wëllen impfe loossen.

Et si Leit, déi vläicht veronséchert sinn, et si Leit, déi vläicht mengen, si bräichten et net, well se scho vill Anticorpsen hunn duerch eng éischt Infektioun, déi sech vill Froe stellen, déi och nach net ganz gekläert sinn. Do ginn et ganz vill verschidde Situatiounen a fir déi Leit all an een Dëppen ze geheien an ze probéieren, duerch Drock d'Leit dozou ze kréien, sech impfen ze loossen, duerch finanziellen Drock, do hu mir Bedenken, datt een domat kann d'Zil iwwerhaapt erreechen, fir sou vill Leit wéi méiglech geimpft ze kréien.

Et géing ee souguer am Contraire riskéieren, datt verschidde Leit sech bedrängt fillen, sech méi verschléissen, marginaliséiert an eventuell souguer radikaliséiert ginn. Op där anerer Säit géing och net jiddereen d'selwecht getraff ginn doduerch, datt d'Tester elo payant ginn.

Zum Beispill huet een och Leit, déi sech et vläicht kënne leeschten, fir déi PCR-Tester nach weiderhin ze bezuelen, anerer kënnen dat awer vläicht net maachen. An do stellt sech natierlech dann d'Fro, gëtt dat dann net awer eng verstoppten Impfflicht, oder eng indirekt Impfflicht, da kënne just déi Leit, déi sech et leeschte kënnen, am Fong sech et erlaben, sech net impfen ze loossen, wärend déi aner obligéiert sinn, sech impfen ze loossen oder komplett ausgeschloss ginn aus der Gesellschaft.

D'CCDH mécht sech iwwerdeems Suergen, wéinst dem CovidCheck-System am Spidol, deen och elo Patiente betrëfft. Hei ass et den Appell un d'Regierung, datt d'Tester op der Plaz weider onkomplizéiert a gratis zur Verfügung stinn. Soss géing ee riskéieren, datt eenzel Leit net an d'Spidol ginn an hir Gesondheet ënnert der Mesure leit.

Wat d'Schoul ugeet, begréisst d'CCDH déi annoncéiert Mesurë gréisstendeels. Problematesch wier allerdéngs de sougenannten Zenario 3, wann et 3 bis 5 Coronainfektiounen an enger Klass ginn, seet de Jurist Max Mousel. Deen Ament dierfen nëmmen nach Schüler an d'Schoul, déi geimpft oder nees gesond sinn.

Extrait Max Mousel

Do ass virgesinn, datt wann eng Majoritéit vun de Kanner concernéiert wier vun der Quarantän, also wann eng Majoritéit net geimpft ass, oder net geheelt ass, da gëtt en Apprentissage à distance gemaach. Da wier all Kand an der selwechter Situatioun. Wou mir elo Suergen hunn ass, falls dat elo net sou ass, wann eben net eng Majoritéit concernéiert ass, wéi gëtt et da gemaach, gëtt dann een Deel à distance enseignéiert, deen aneren Deel bleift an der Klass, an do ass dann d'Fro vun der Qualitéit vum Unterrecht. Dee soll eiser Meenung no, sou gutt wéi méiglech awer ëmmer déi selwecht bleiwen."

Et dierft keng Schoul mat 2 Vitesse ginn, warnt déi consultativ Mënscherechtskommissioun.

Back to Top
CIM LOGO