
D'ONG "Disclose" hat eng Recherche public gemeet, wouraus ervir geet, datt CAE Aviation-Personal an e Fliger fir d'Surveillance-Missioun "Sirli" un der Grenz tëscht Ägypten a Lybien zur Dispositioun gestallt huet.
Diplomatesch Demarchë géif Lëtzebuerg allemol net plangen, sou den Ausseminister Asselborn.
Et war d'Deputéiert vun Déi Lénk Nathalie Oberweis, déi dës Froen iwwert d'geheim Missioun un der libescher Grenz mat Lienen op Lëtzebuerg opgeworf hat.
CAE Aviation mat Sëtz um Findel huet aktuell eng Flott vu 7 Fligeren, déi spezifesch fir militäresch Observatiouns-Missioune kënnen an den Asaz kommen.
Duerch de Kontrakt mam franséische Militär-Geheimdéngscht soll d'Lëtzebuerger Firma der ONG "Disclose" no zanter 2016 bal 19 Millioune verdéngt gehat hunn.