Europa ScoutenKathoulesch Jugendorganisatioun net vu Weltorganisatioun unerkannt

RTL Lëtzebuerg
Zanter ronn 4 Joer ginn et zu Lëtzebuerg déi sougenannten Europa Scouten.
Europa Scoute vu Lëtzebuerg
Et ass eng ganz kathoulesche Jugendorganisatioun an de Bëschof Jean-Claude Hollerich ass ee vun de Grënnungsmembere vun der Lëtzebuerger Sektioun.

Et ass eng ganz kathoulesche Jugendorganisatioun an de Bëschof Jean-Claude Hollerich ass ee vun de Grënnungsmembere vun der Lëtzebuerger Sektioun. Allerdéngs sinn d'Europa Scouten net vun der Weltorganisatioun vun de Guiden a Scouten unerkannt.

D'Europa Scoute sinn eng kathoulesch Jugendorganisatioun, wou Jongen a Meedercher getrennt sinn an déi sech als Ergänzung zur Famill versteet. Fir d'Isabelle Scart, Commissaire Générale fir d'Meedercher bei den Europa Scouten, heescht dat, datt si do si fir d'Kanner an all hiren Dimensiounen.

Bei den Europa Scoute gëtt vill gebiet an dat ass wuel och ee vun de gréissten Ënnerscheeder mat de gängege Scouten. Zemools mat der LGS, déi fréier och ganz kathoulesch war, sech awer virun e puer Joer vun der Emprise vu der Kierch lassgeléist huet.

Wéi d'Europa Scouten 2016 zu Lëtzebuerg gegrënnt goufen - et gëtt se am ganzen an 18 Länner - gouf als Siège den Äerzbistum agedroen, de Bëschof ass ee vun 3 Associés fondateurs vun der a.s.b.l. Europa Scoute vu Lëtzebuerg. D'Kierch hat also nees Scouten. Et ass eng kathoulesch Vereenegung, déi laut Statuten op ass och fir aner Chrëschten. Net deemno fir aner Reliounen.

Am Verglach zu LGS a Fnel, zesummen 8.000 Scouten, sinn d'Europa Scouten ee klenge Club mat 200 Memberen. Déi grouss Clibb hunn awer vun Ufank un drop gehalen, sech vun den Neien ze distanzéieren: well se net vum Weltverband unerkannt sinn a well se d'Wäerter vum Scoutismus net géife vertrieden, wéi Toleranz a kritesche Geescht.

Back to Top
CIM LOGO