Äntwert op parlamentaresch FroKäschte fir medikamentéise Schwangerschaftsofbroch gi vun der CNS iwwerholl

RTL Lëtzebuerg
Zejoert sinn 992 sou Traitementer vun der Gesondheetskeess bezuelt ginn.

Dat äntweren d'Gesondheetsministesch an de Sécurité sociale-Minister den adr-Deputéierte Jeff Engelen a Fernand Kartheiser op eng parlamentaresch Fro zu deem Thema.

D'Paulette Lenert an de Romain Schneider preziséieren, dass fir sou eng Ofdreiwung zwee Medikamenter musse geholl ginn: Dat eent bréngt d'Schwangerschaft op en Enn an dat anert erlaabt d'Ausscheede vum doudegen Embryo, woubäi dat zweet eng 36 bis 48 Stonnen no deem éischte soll geholl ginn. Den Haaptrisiko vun engem medikamentéise Schwangerschaftsofbroch bestéing doran, dass et eventuell zu Bluddunge kéint kommen. Dat kéim awer a manner wéi 0,1% vun de Fäll vir, schreiwen déi zwee Ministeren nach an hirer gemeinsamer Äntwert.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser a Jeff Engelen

Back to Top
CIM LOGO