
11 Punkte ginn opgelëscht. Ënnert anerem plädéiere si derfir, dass déi physesch Presenz vun de Coursen op den Ofschlossklasse vum Secondaire fakultativ sollt sinn a just fir Prüfunge sollt gëllen.
Alleguer d'Klasse vum Secondaire nees den 11. Mee an d'Schoul ze schécken, wier och net opportun, an dofir gëtt proposéiert, eng decaléiert Rentrée ze maachen. De 4. Mee d'Ofschlossklassen, wéi gesot, fakultativ. Dann den 18. Mee d'4ièmë bis 2ièmen an de 25. Mee eréischt d'Schüler op de 7ième bis 5ièmen. Esou kéint e méi gereegelte Schoulbetrib assuréiert ginn, sou den OGBL, den SEW an an d'UNEL.