Invité vun der Redaktioun (2. Abrëll) - Leo Wagener"Juristesch Ausernanersetzungen an der Kierch sinn nach net ausgestanen"

Claude Zeimetz
Op Karfreideg war de Weibëschof Leo Wagener eisen Invité vun der Redaktioun.
Radio - Invité vun der Redaktioun: Leo Wagener
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Verfassungsgeriicht hätt näischt fonnt, datt d'Konventioun tëscht Kierch a Staat, respektiv de Kierchefong, net konform zur Verfassung wier, sot den Leo Wagener am RTL-Interview.

Seng Reaktioun op dëst Urteel d'lescht Woch wier awer vläicht e bëssen ze vill euphoresch gewiescht. Datt de Ball elo nees beim Friddensgeriicht léich, hätt domadder ze dinn, datt d'Relatioun tëscht dem Staat a Kulten iwwer Konventioune gereegelt gëtt. A fir Konventiounen ass d'Friddensgeriicht zoustänneg.

Richteg Rou kéim esou effektiv nach net an d'Kierch, do misst een eben d'Urteel vun de Riichter ofwaarden.

Urteel Ëlwen kéint Situatioun änneren

Eent ass scho gesprach, an de Generalvikar mengt, datt dat wäert Schoul maachen. D'Urteel "Ëlwen versus Inneministère". Do krut déi Ëlwener Gemeng Recht, datt si déi lafend Käschte fir Kierchen a Kapelle mat Sue vum Kierchefong däerfen decken, dat, well d'Kierchen jo och zum Patrimoine gehéieren.

Responsum ad dubium

Gläichgeschlechtlech Koppelen däerfen jo net an der kathoulescher Kierch gesent ginn. Dat huet fir Kritik vun der Organisatioun Rosa Lëtzebuerg gesuergt. De Leo Wagener weist sech awer oppe fir Gespréicher. All Persoun, och Homosexueller, wieren an der Kierch wëllkomm.

Corona-Pandemie

Am Géigendeel zum leschte Joer, kéint een Ouschteren elo richteg an der Kierch feieren. Masse mat maximal 100 Leit, ënnert de bekannten Hygiènesmesuren, wiere nämlech erlaabt.

Wéinst der Pandemie huet de Bistum de Poren och dëst Joer recommandéiert d’Kommiounen, vun deenen der vill op wäissen Ouschterdag sinn, op e spéideren Datum ze verréckelen, virun oder no d'grouss Vakanz.

Zejoert hätt ee Fäll zougedroe kritt, wou Kanner no de Kommiounen méi dacks positiv op de Coronavirus getest goufen. Dat hätt awer wuel éischter eppes mam Iessen duerno ze di gehat, wéi mat der Zeremonie an der Kierch, esou de Leo Wagener.

D’Oktav ass dëst Joer op en neits digital an d'Pilgere bei Muttergottes vu Fatima zu Wolz gouf och schonn ofgesot. Eng offiziell Kommunikatioun iwwert d’Iechternacher Sprangprëssessioun gëtt et nach net, ma eisen Informatiounen no kann och dëst Evenement op Péngschtdënschdeg dëst Joer net ënnert den normale Konditiounen organiséiert ginn. De Weibëschof Leo Wagener wollt der offiziell Annonce vum Willibrordusbauveräin awer net virgräifen.

Op Karfreideg war de Weibëschof Leo Wagener eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
RTL-News: Rosa Lëtzebuerg: Sinn Homosexueller an der Kierch zu Lëtzebuerg wëllkomm?
RTL-News: Syfel stellt legal Basis vu Konventioun ëm Kierchefabricke weider a Fro

Back to Top
CIM LOGO