Jugendlecher, déi a Konflikt komme mam Gesetz, kënne vun engem Jugendriichter an d'Unisec um Site vum Centre socio-éducatif zu Dräibur placéiert ginn. Op enger Visitt vun de Chamber Justiz- an Educatiounskommissiounen zu Dräibur e Mëttwoch, huet den CSV-Deputéierte Gilles Roth fir eng nei separat Struktur plädéiert fir Jugendlecher, déi kriminell gehandelt hunn. Et kéint een net Leit vermëschen, déi zum Beispill doheem fortgelaf sinn oder doheem net eens gi mat Leit, déi strofrechtlech Handlunge maachen, sou de Gilles Roth.
De President vun der Justizkommissioun, de gréngen Deputéierte Charel Margue sot sengersäits, et misst ee kucken, wéi déi ganz „Graduatioun", déi een am Jugendschutz bräicht, agliddere kéint. Engersäits Affer, déi Schutz brauchen, an anerersäits Jugendlecher, déi „der komme gelooss hunn". Gemengerhand géing gesot ginn: „et soll dezentraliséiert ginn, keng grouss Strukture méi", sou de Charel Margue.
An der Unité de sécurité sinn aktuell 6 vun den 12 Plaze besat vu Jugendlechen tëscht 14 an 18 Joer, gouf een um Bord vun der Visitt gewuer. D'Deputéiert wollte sech am Zesummenhang mat der Reform vum Jugendschutzgesetz e Bild vun der Unisec maachen.
D'Aarbecht vum Centre socio-éducatif vun Dräibur wier et net, déi Jugendlech z'erzéien, mä hinnen ze hëllefen, sech selwer an de Grëff ze kréien an eng positiv Perspektiv fir d'Zukunft opzebauen, sou iwwerdeems den Direkter vum Centre de Ralph Schroeder.
