Invité vun der Redaktioun (2. September) - Jeff BoonenBewässerungsprojeten am Geméisubau mussen endlech en Ofschloss fannen

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moie waren ënnert anerem d'Auswierkunge vum Klimawandel op d'Landwirtschaft Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Jeff Boonen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Baueren zu Lëtzebuerg hunn effektiv e ganz schwéiert Joer hannert sech, sot e Mëttwoch de Moien den CSV-Norddeputéierten a President vun der Landwirtschaftskommissioun an der Chamber Jeff Boonen als eisen "Invité vun der Redaktioun". Dat well méi Krisen openeentreffen. Dat extreemt Wieder elo am Summer. A virdru schonn déi héich Energie- an Düngerpräisser wéinst dem Iran-Krich. Déi annoncéiert finanziell Ënnerstëtzung fir d'Baueren, déi am Juni an der Tripartite decidéiert gi war, soll dem CSV-Politiker no an der éischter Sëtzungswoch vun der Chamber am Oktober gestëmmt ginn, fir nach dëst Joer kënnen ausbezuelt ze ginn.

Pilotprojeten am Geméisubau mussen endlech en Ofschloss fannen, "soss kréien d'Baueren d'Flemm"

De Jeff Boonen huet am Interview derfir plädéiert, datt d'Politik sech déi néideg Moyene misst ginn, fir datt d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg sech fir d'Zukunft méi breet opstelle kann, fir och besser op de Klimawiessel reagéieren ze kënnen. Nohuelbedarf gesäit den Deputéierten notamment beim Geméis- an Uebstubau. D'Pilotprojete fir grouss Bewässerungsanlagen an Reenopfangbecken, déi schonn 2022 lancéiert goufen, missten elo endlech ofgeschloss ginn. E professionelle Geméisubau wier einfach net méiglech ouni Bewässerung. Ëmwelt- a Landwirtschaftspolitik wieren en éiwegt Spannungsfeld, mä et missten och heiansdo awer Decisioune geholl ginn, soss géifen d'Baueren d'Flemm kréien, betount de Jeff Boonen.

Konsequenz vum dréchene Summer: Éischt Betriber schluechte Véi éischter

De President vun der Chamber-Agrarkommissioun huet e Mëttwoch de Moien da confirméiert, datt éischt Bauere wéinst dem more Karschnatz den Ament scho Véi méi fréi ofschafen. Entweder, datt Béischten an d'Zuucht ginn oder éischter geschluecht ginn. Der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen no géif ee bei de wëchentleche Statistiken am Schluechthaus am August eng liicht Hausse vun den Aktivitéite gesinn. Fir en definitive Bilan ze zéien, wier awer nach ze fréi, sou d'Ministesch an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

"Ernte-Ausfall-Assurance" wäert dëst Joer ronn 9 Milliounen Euro un d'Baueren ausbezuele mussen

De System vun der sougenannter "Ernte-Ausfall-Assurance", déi d'Bauere fir Schued am Ubau kompenséiert (zum Beispill bei de Kären an dem Mais) fënnt de Jeff Boonen prinzipiell eng gutt Saach. Och datt de Staat 65% vun der Primm iwwerhëlt. Do géifen d'Nopeschlänner eis duerfir beneiden. Zu Lëtzebuerg sinn den Ament eng 54.000 Hektar assuréiert. Dat kéint méi sinn. Och fir datt d'Assurance selwer méi finanziell Moyene kritt. Wéinst dem dréchene Summer géifen dëst Joer nämlech all d'Suen aus dem Dëppen opgebraucht. Ganzer 9 Milliounen Euro. Duerfir misst nach méi sensibiliséiert ginn.

D'Initiativ "on.perfekt" muss weider vum Staat ënnerstëtzt ginn

Bedenklech fënnt de Jeff Boonen et, datt den Ëmweltministère Enn Juni, ouni grouss Erklärung, d'Konventioun mat der Initiativ "on.perfekt", déi méi kleng an ästhetesch net sou perfekt Liewensmëttel vermaart, no dräi Joer stënterlech gekënnegt huet. Dat wier dat falscht Zeechen an Zäiten, wou d'Lutte géint d'Liewensmëttelverschwendung an d'Sensibiliséierung fir d'Konsumente vun der Politik grouss geschriwwe ginn. Nieft der Vermaartung ass "on.perfekt" och an d'Schoule gaangen, fir eben Opklärungsaarbecht ze maachen. Eng Fra, déi fir d'Société d'impact sociétal geschafft huet, huet awer lo scho gekënnegt. Den CSV-Deputéierten huet ausdrécklech seng Hoffnung ausgedréckt, datt dat lescht Wuert an deem Dossier nach net geschwat ass an déi concernéiert Ministèrë (Landwirtschaft, Ëmwelt an Educatioun) sech nach emol mat der Initiativ aus dem Norden zesummesetzen.

Invité vun der Redaktioun: Jeff Boonen

Liest dozou och hei:

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO