"Et ass en immens schlechten Zäitpunkt a mir verstinn och net wat dat Ganzt soll." Dat seet de Vizepresident vun der Jeeërfederatioun iwwert de Verbuet vun de Klappjuegten. Dem Marc Reiter no géifen doduerch 3 Problemer entstoen: De Wëldschued géif zouhuelen, d'Ofschosspläng kéinten net erfëllt ginn, an d'Fleesch géif een no de Feierdeeg net méi lass ginn. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg relativéiert déi Suergen.
Zu Lëtzebuerg gëtt et keng professionell Juegd betount d'Carole Dieschbourg. Deemno gëtt se als Fräizäitaktivitéit agestuuft, an do géifen et momentan eben, wéi a ville Beräicher, méi strikt Mesuren oder Verbueter ginn ënnersträicht d'Ëmweltministesch. D'Jeeërfederatioun an och d'Bauerenzentral bekloen awer, datt mat dësem Verbuet de Wëldschued an d'Luucht wäert goen.
De Marc Fisch, Vizepresident vun der Bauerenzentral erkläert, datt d'Wëllschwäin d'Wise futti maachen: "Fir Mueden ze fannen a Wierm, wullen se dann duerch ganz Wisen. A Géigenden huet een da massiv grousse Schued. Mä och an de Bëscher bäissen d'Réi ganz vill of, wann d'Populatioun ze héich ass."D'Carole Dieschbourg betount datt am Fréijoer gekuckt gëtt ob et wierklech därmoosse Problemer vu Wëldschued wäerte ginn: "Mä et ass awer mengen ech iwwerdriwwen, wann ee seet, datt well mer elo 3 Wochen, wéi an al anere Beräich, déi sozial Kontakter reduzéieren, alles op d'Kopp goe géif."
D'Ëmweltministesch präziséiert awer, datt den Artikel vum Juegdgesetz wou de Staat fir de Schued misst opkommen an dësem Fall net zielt: "Well déi juristesch Basis fir dës Fräizäitaktivitéit erof ze fueren, déi vun der Covid-Gesetzgebung ass."
Méi wéi 2/3 vun de Klappjuegte wieren dëst Joer gehale ginn huet déi gréng Ministesch nach betount an och drun erënnert, datt d’Pirsch-an d’Usëtzjuegd weiderhin erlaabt sinn. Dem Marc Reiter vun der Jeeërfederatioun no géif d'Klappjuegd awer 80 bis 90 Prozent vum Ofschossplang ausmaachen.
D'Wëld géif geschoss ginn, fir verwäert ze ginn, seet nach de Vizepresident vun der Jeeërfederatioun, dee fäert datt no de Feierdeeg kee méi d'Fleesch wëll: "A normalen Zäiten hu der schonn iwwert d'Feierdeeg eraus Problemer, fir d'Fleesch ze vermaarten, elo kënnt der et ganz einfach vergiessen. A mir sinn net déi Leit déi eppes schéissen, fir et dono an den Drecksbac ze geheien. Dann lafen déi Déiere mir nach grad sou gutt am Bësch."De Verbuet vun der Klappjuegd gëllt iwwregens bis de 15. Dezember.