Successeur vum Jean-Lou SiweckJacques Eischen neie Chef vum Escher Pressegrupp Editpress

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Land schreift, iwwerhëlt de Jacques Eischen de fräie Poste vum Generaldirekter, nodeems de Jean-Lou Siweck bei de Radio 100,7 gewiesselt ass.

De Jacques Eischen war bis ewell Administrateur Délégué vu Luxcontrol, ee Posten, deen am Fréijoer vum René Jost iwwerholl ginn ass. Wéi d'Land mellt, géif de Jacques Eischen, deen de Mann vun der Member vum OGBL-Exekutivcomité Véronique Eischen ass, de Poste vum Editpress-Chef am Interim iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO