Coronavirus zu LëtzebuergIwwert de Weekend: Vun 9.583 Tester waren der 189 positiv, 1 Doudesfall

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 786 läit ass.
© RTL-Grafik

Kuckt ee sech d'Zuelen am Detail un, esou goufen e Samschdeg 7.974 Persoune getest, dovunner waren der 159 positiv an e Sonndeg waren et 30 positiv Resultater bei 1.609 Tester.

Aktuell sinn 116 Persounen hospitaliséiert, dovunner 37 op der Intensivstatioun, een dovun aus dem Grand-Est.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.819 aktiv Infektiounen. 61.539 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 164.091 Dosisse gesprëtzt, dovunner bei 45.973 Leit déi zweete Kéier.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,92. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO