Coronavirus zu LëtzebuergIwwert de Weekend: 95 Positiver bei 10.460 Tester a kee weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 95 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.

An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 828.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen 10.460 Tester gemaach, dovunner waren der 95 positiv. 7 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert, 39 e Samschdeg a 49 e Freideg.

Den Ament si 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner 6 Patienten op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 632 aktiv Infektiounen, 73.230 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze gouf bis ewell 745.774 Impfunge genotzt, 379.995 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,81. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO