PoliceIwwerfäll an der Stad an zu Colmer-Bierg

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, gouf en Donneschdeg géint 16.20 an der Stad um Viaduc a Richtung Gare e Mann vun enger Grupp jonke Männer iwwerfall.

D'Täter hunn dem Affer eng Kette vum Hals gerappt a si fortgelaf a Richtung Helleggeescht-Platto. Eng Sich no den Täter blouf an enger éischter Phas ouni Erfolleg.

Zu Colmer-Bierg war dann en Donneschdegowend géint 21.20 Auer eng Persoun vun 2 jonke Männer aus enger gréisserer Grupp ugegraff ginn a krut seng Schong geklaut. De betraffene Jugendleche gouf liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO