Vill Froe stoungen am RaumInternational Konferenz iwwer Migratioun an Entwécklung um Belval

Fanny Kinsch
Wéi een ekonomeschen Impakt hu Migratiouns- a Flüchtlingsmouvementer, wéi zum Beispill am Zesummenhang mat de Krisen am Afghanistan, Syrien oder Venezuela?
© AFP (Archiv)

Wéi informéiere sech Mënschen op der Flucht a wéi klappt d'Integratioun? Wéi hänke Klimawandel a Migratioun zesummen? Mat deene Froe beschäftege sech den Ament um Belval eng ganz Rei Fuerscher. Dat am Kader vun der Internationaler Konferenz iwwer Migratioun an Entwécklung vun der Weltbank an der franséischer Entwécklungsagence, déi an hirer 14. Editioun zu Lëtzebuerg stattfënnt, an Zesummenaarbecht mat der Uni a mam Liser.

"La migration, c'est-à-dire la mobilité des êtres humains c'est une des facettes de la globalisation.", seet de Michel Beine, Professer op der Uni Lëtzebuerg, deen d'Konferenz mat organiséiert huet.

"Une autre facette c'est le commerce. Alors à la grande différence du commerce, où là ce sont des biens qui traversent les frontières, mais les biens ils n'ont pas de personalité, donc le Luxembourgeois qui va faire ses courses chez Cactus et qui achète un smart phone chinois ou américain, pour lui c'est avant tout un smart phone."

Bei Mënsche wier dat anescht, hei géingen d'Leit méi emotionell reagéieren an zum Deel och negativ. Dat wier net einfach z'änneren, ma d'Fuerschung géing awer Piste weisen.

"Il y a pas mal d'articles qui ont montrés que dans des zones qui recevaient des immigrants, quand les natifs interagissaient directement avec les immigrants et apprenaient à les connaitre, et se disaient, finalement, ils ne sont pas très différents de nous, finalement ça changeait complètement la perception."

An de leschte Joren hätt d'Fuerschung op dësen Theme sech hei am Land staark weiderentwéckelt, seet d'Aline Muller, Generaldirectrice vum Institut fir sozio-ekonomesch Recherche Liser. Dës Konferenz wier eng gutt Geleeënheet, fir dat ze weisen. D'Erkenntnisser aus der Fuerschung kéinten och d'Politik informéieren.

"Et sinn extrem vill Themen, op deenen d'Fuerschung d'Action publique ka beliichten, kann Informatioune ginn, kann dokumentéieren, mat Fakte méi kloer maache kann. Mir hunn déi Expertis, zum Beispill hei elo an dëse Gebitter hu mer déi Expertis hei zu Lëtzebuerg. Dofir ass et och eis Responsabilitéit, fir déi Expertis eisen Autoritéiten zur Verfügung ze stellen, fir dass se effektiv besser a méi informéiert Decisioune kënnen huelen."

An deem Sënn huet och de Kooperatiounsminister Franz Fayot un der Konferenz deelgeholl. 1 Prozent vum Staatsbudget geet a Projeten an der Entwécklungszesummenaarbecht an der humanitärer Hëllef.

"All déi Saache gi jo evaluéiert a se gi vun der OCDE reegelméisseg evaluéiert, ob eis Richtung stëmmt, mee et kann een nach vill méi mat der Recherche zesummeschaffen, fir justement och méi präzis ze kucken, wat den Impakt ass vun deene Politicken a vun deene Projeten an deene Länner, an deene mer se maachen."

Esouwäit de Kooperatiounsminister Franz Fayot um Bord vun der Internationaler Konferenz iwwer Migratioun an Entwécklung um Belval.

Back to Top
CIM LOGO