
Am Ganze gouf sech an dëser Zäit ëm 290 Persoune gekëmmert, an deene meeschte Fäll huet et sech hei ëm kleng Problemer gehandelt. 39 Persounen si wärend der Fouerzäit mat enger Ambulanz an d'Klinik bruecht ginn. Donieft hu wärend der Fouer keng Leit wéinst Feieren oder aneren technesche Noutfäll misse gerett ginn. D'CGDIS-Ekippe waren all Dag mat Ekippe 8 bis 12 Leit vun der Mëttesstonn bis 1 Auer Moies am Asaz.