PAGInneministère huet eréischt eppes méi wéi d'Hallschent approuvéiert

RTL Lëtzebuerg
Vun den 102 Gemenge gouf eréischt bei eppes Klengs méi wéi der Hallschent de PAG vum Inneministère approuvéiert, nämlech vun 53.
© AFP (Archiv)

Véier Mol gouf den Delai ewell verlängert, fir datt d'Gemenge kënnen en allgemenge Bebauungsplang erareechen an d'Inneministesch seet sech decidéiert, keen neie Gesetzesprojet méi eranzeginn, deen e weidert Verlängere vum Delai géif virgesinn.

Bei 34 Gemengen ass d'Autorisatiounsprozedur fir de PAG vun der neier Generatioun amgaangen. Op d'Dokumenter vun 14 Gemenge gëtt nach gewaart, well hei nach näischt an der Prozedur ass.

Dës Indikatioune gëtt d'Inneministesch Taina Bofferding op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup.

Da spillen och aktuell Sanktioune géint eng Dose Gemengen, well sech net un den Delai vum 1. November 2019 gehalen gouf, bis deen huet missten den allgemenge Bebauungsplang erneiert gi sinn. D'Sanktioun seet, datt déi entspriechend Gemeng déi d'Autorisatiounsprozedur fir d'Erneiere vum PAG lancéiert, kee neie PAP, en Deelbebauungsplang, dierf erareechen an och net dierf punktuell de PAG ofänneren.

An de PAGen, déi bis ewell vun der Inneministesch accordéiert goufen, ass festgehalen, datt an dëse respektive Gemengen 13.700 Gebaier als schützenswäert klasséiert sinn.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO