
Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen geréiert eng Rei Jugendhaiser a Jugendservicer, déi natierlech an dësen Zäiten och net normal kënne funktionéieren. An dach ginn déi Jonk entouréiert vun de villen Jugendaarbechter an -aarbechterinnen, déi um Terrain schaffen.
Op verschiddenen digitale Plattformen begéint ee sech, fir en Austausch ze hunn, Hausaufgaben ze maachen oder ganz einfach fir sech ze treffen oder souguer bei enger digitaler Disko mat ze danzen.
Den Encadrement rullt gutt, esou d'Chargée de Direction, Simone Grün, mä et hätt een awer festgestallt, datt eng Rei Jonker net den néidegen Equipement oder dat informatescht Material doheem hunn. Dofir mécht den DLJ en Opruff: Wien doheem nach en ale Computer, Laptop oder eng Imprimante huet, déi net méi gebraucht ginn, dee kann dat ganz gären ofginn. Domadder kann ee Jonken en onkomplizéierten an direkten Zougang zu de verschiddenen Aktivitéiten erlaben an natierlech hinnen och d'Méiglechkeet ginn, doheem drop ze schaffen.
Weider Informatioune fënnt een um Internetsite vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen.
