Mord um Ana LopesIndicë géint den Ugeklote goufe wärend 3 Deeg presentéiert

RTL Lëtzebuerg
Am Prozess ëm den Doud vum Ana Lopes, koum d'Depositioun vum zoustännege Policeenquêteur um Stater Geriicht en Donneschdeg, op hirem 3. Dag, op en Enn.
© Domingos Oliveira / RTL

Mord um Ana Lopes / Reportage Eric Ewald

De Beamten huet vun en Dënschdeg bis en Donneschdeg d'Indicë géint den Ugekloten, den Ex-Frënd vum Affer, presentéiert. Dee kritt jo wéinst Mord de Prozess gemaach. Dem Polizist no hunn dem Mann seng Aussoen, zwee Deeg no der Dot, net der Realitéit entsprach.

D'Informatiounen aus der Geolokalisatioun hätten erginn, dass de Beschëllegten den Owend virun der Dot genee dee selwechte Wee gefuer wär, wéi d'Ana Lopes 6 Stonnen dono (wouvun hien an enger 1. Phas näischt gesot hat), dass hie säin Auto owes spéit eng 300m vu sengem Haus ewech geparkt hätt, wat hie sot, méi dacks gemaach ze hunn (woubäi de Won just déi Nuecht do gestanen hätt) an dass hien um Moien no der Dot hei am Land war (zwee Deeg dono hat hie gesot, hie wär an Däitschland gewiescht). De Mëtteg no der Dot war de Mann iwwerdeems hei vir a Frankräich ënnerwee, no bei där Plaz, wou d'Läich vum Ana Lopes fonnt gouf, sou den Enquêteur.

Aus den Telefonsdonnéeë vum Affer war Zitat "näischt erauszezéien", well vum GSM net vill iwwreg war. Géint véierel op zwou nuets hätt dee wuel gebrannt. Aus dem Handy vum Ugekloten hätt een erausliese kënnen, dass deen an der Nuecht kuerz no 3 eng SMS vu senger Mamm krut a si eppes méi wéi 3 Stonnen dono eng vun him: Dës zwee Messagë goufen awer geläscht. Den Internet op sengem Handy wär iwwerdeems, am Géigesaz zu soss, de Gros vum Dag vun der Dot net genotzt ginn.

Donieft war beim Mann op der Aarbecht Kabelbinder vun där Zort fonnt ginn, déi och op der presuméierter Plaz vum Mord zu Bouneweg entdeckt gi war. Fréier Frëndinne vum Ugekloten haten iwwerdeems vun engem autoritäre Behuele vum Mann hinne géintiwwer geschwat an ënnert anerem dat spéidert Affer och vu Gewalt vis-à-vis vun hir. De Beschëllegte sengersäits wëll d'Nuecht vun der Dot doheem gewiescht sinn. Seng Elteren a seng Schwëster hunn och Aussoen an deem Sënn gemaach.

Déi 1. Woch vun dësem Prozess, deen op hirer 4 ugesat ass, soll e Freideg op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO