Déi LénkIndependanten, kleng Entreprisen oder Freelance goufe vergiess

RTL Lëtzebuerg
Déi Lénk begréissen d'Mesuren, mat deenen d'Regierung d'Ekonomie ënnerstëtzt. Et géing een awer feststellen, datt eng Rei Acteure vergiess gi wieren.

Notamment Independanten, kleng Entreprisen oder Freelancen. Vill vun dëse géingen d'Konditiounen net erfëllen, fir zum Beispill d'Primme vu 5000€ ze kréien.

Déi Lénk verlaangen, datt och si Hëllefe kréien. Et kéint och e System en Place gesat ginn, mat deem déi genannte Kategorië vum chômage partiel kéinte profitéieren, derbäi sollte Facilitéite bei de Steieren a soziale Laaschte kommen.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO