Santé rappelléiertImpfzenter um Lampertsbierg just nach dënschdes bis samschdes op

RTL Lëtzebuerg
Vun e Méindeg un ass d'Victor Hugo Hal um Lampertsbierg just nach vun Dënschdes bis Samschdes fir Impfunge géint de Covid op.

D'Santé erënnert nach emol drun, datt méindes zou bleift. Et kann ee sech an der Victor Hugo Hal ouni Rendez-vous impfe loossen. Op ass deemno vun dënschdes bis freides tëscht 7 an 19 Auer a samschdes vu 7 bis 13 Auer. D'Leit si gebiede spéitstens eng hallef Stonn virun der Fermeture vum Zenter dohinner ze kommen.
Nieft dem Lampertsbierg ass just nach den Impfzenter um Belval aktuell op fir Vaccinatiounen.

Et zirkuléiert awer och den Impf-Bus bei verschiddene Manifestatiounen hei am Land an natierlech gëllt d'Offer, fir sech bei eenzelen Hausdokteren de Vaccin sprëtzen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO