Immunitéit moossenHunn ech genuch Antikierper?

Pierre Weimerskirch
Ass een no enger Impfung genuch géint de Coronavirus geschützt? Eng Fro, déi sech ëmmer méi Leit stellen.
Immunitéit moossen: Hunn ech genuch Antikierper?
Ass een no enger Impfung genuch géint de Coronavirus geschützt? Eng Fro, déi sech ëmmer méi Leit stellen.

Antikierpertester kënnen individuell weisen, wéi vill een eigentlech protegéiert ass. D'Santé invitéiert elo all Woch 4.000 Persounen an den Antikierpertest, fir erauszefannen, wéi grouss d'Immunitéit am Land ass. Ëmmer méi Mënsche si mëttlerweil immun a wëlle wëssen, wéi staark hire Schutz ass. E positiven Antikierpertest gëllt net fir de CovidCheck, esou den Direkter vun der Santé Dr. Jean-Claude Schmit.

Fir ze wëssen, wéi immun een ass, geet de Bléck op d'Antikierper awer net duer. Et géing ee mierken, dass d'Leit all ganz verschidden op de Virus an op d'Impfung reagéieren, esou den Direkter vun der Santé.

Leit, déi e positive PCR-Test hunn, deen net méi al ass ewéi 6 Méint, brauchen nëmmen eng Dosis, se kënnen der awer och zwou kréien, en "Ze-vill-geimpft" hätt bis ewell net zu Problemer gefouert.

Momentan géing et nach keen Argument ginn, jonke Leit eng 3. Impfung ze proposéieren. Dës hätten eng ganz gutt Reaktioun op de Vaccin. Vulnerabel Persoune kënne sech well eng drëtte Kéier impfe loossen. Och bei eelere Persounen iwwert 70 Joer gëtt iwwert d'Méiglechkeet vun enger 3. Impfung iwwerluecht.

De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO