
D’KPL huet en Donneschdeg den Owend, am Kader vum 1. Mee e Samschdeg, schonns e Schreiwes erausginn, mat enger Abberzuel u Fuerderungen, fir déi negativ Auswierkunge vun der Gesondheetskris net op d‘Salariat ofzewälzen.
D’Kommunistesch Partei hätt gär, dass de Leit, déi am Chômage partiel sinn, 100 an net just 80% vun hirem Loun solle bezuelt ginn.
De Staat misst och déi kleng Betriber besser ënnerstëtzen, déi onverschëllt a ferm Schwieregkeete gerode wieren, an dass d‘Helden aus der Pandemie, also d'Leit aus dem Gesondheets-, Botz- a Sécherheetessecteur och méi Pai kréien.
D’KPL, déi iwwerdeems um Dag vun der Aarbecht d’Demo vum OGBL ënnerstëtzt, hätt och gär, dass bannent den nächsten 10 Joer 50.000 ëffentlech Wunnengen misste gebaut ginn, fir ze verlounen, an dass de Mindestloun op 14€ d’Stonn soll gehéicht ginn.