KaunerefHeizdecken huet Feier provozéiert

RTL Lëtzebuerg
Zu Kauneref an der Stauséi-Gemeng huet et en Donneschdeg den Owend kuerz virun 21 Auer an enger Wunneng gebrannt.

Dem Bulletin vum CGDIS no hat eng Heizdecken d’Feier ausgeléist. D’Pompjeeë vun Esch-Sauer, dem Stauséi, vun Alebësch a vu Wolz waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Wolz.

Back to Top
CIM LOGO