
Déi sanitär Kris hat e groussen Impakt op d'Liewen zu Lëtzebuerg, schreift de Statec an enger Analys, déi bis an den Oktober gemaach gouf. Net nëmmen d'Aarbechtswelt gouf op d'Kopp gehäit, och d'Kafverhale vun den Awunner gouf duerch d'Pandemie beaflosst duerch Mesurë wéi de Confinement oder Teletravail, déi vun der Regierung geholl goufen, fir d'Verbreedung vum Coronavirus anzedämmen.
Am Mäerz ass de Verkaf vu Liewensmëttel ëm 35% par Rapport zu zejoert an d'Luucht gaangen. Dat féiert de Statec op d'Hamsterkeef zeréck. Een zweete Pic gouf et am August mat 17% méi wéi an der selwechter Period am Joer 2019.
Um Ufank vum Confinement hunn d'Leit virun allem Liewensmëttel consomméiert, déi sech laang halen. Räis, Nuddelen, Couscous, Konserven an net-alkoholesch Gedrénks goufen heefeg an d'Caddie geluecht.

Et hätt een awer och kënne feststellen dass vill méi Miel, Ueleg, Salz a Kraider verkaf goufe wéi soss. Dat géing drop hindeiten, dass d'Leit am Confinement an duerch den Teletravail net méi an de Restaurant iesse konnte goen an dowéinst méi Doheem gekacht hunn. Dëst huet sech och an der Vente vun der Patisserie an dem Brout erëmgespigelt. Hei war den Ëmsaz däitlech méi niddreg wéi soss.

Nieft Konserven a Liewensmëttel, déi sech laang halen, hunn d'Leit och bei anere Produiten am Mäerz gehamstert. Duerch de Confinement gouf zum Beispill 130% méi Toilettëpabeier kaf wéi am Februar dëst Joer. An de Méint Abrëll, Juni, August an Oktober gouf eng Hausse vun 10% bis 20% am Verglach zum leschte Joer notéiert. Och Botzmëttel waren am Fréijoer bei de Keefer ganz beléift, hei gouf 168% méi verkaf wéi an der selwechter Period 2019.

Fir dass d'Zäit Doheem net ze laang gëtt, hu vill Leit nees op Gesellschaftsspiller zeréckgegraff. Statec no sinn am Abrëll iwwer 80% méi Puzzele verkaf gi wéi et nach zejoert de Fall war.
A puncto Präisser gouf festgestallt, dass d'Präisser méi oder manner stabel bliwwe sinn, ofgesi vum Uebst a Geméis. Beim Uebst gouf et vun Abrëll un eng Präishausse vun 9% par rapport zum Mount virdrun, beim Geméis war et eng vu 14%. Dogéint sinn d'Präisser beim frësche Fësch an de Mieresfriichten ëm 5% erofgaangen. Keng gréisser Verännerung gouf beim Fleesch (Rëndsfleesch, Gefligel, Ham, Zoossissen) festgestallt wärend dem Joer 2020.

