Ma elo ass et nach e gutt Stéck méi schwiereg, och well et eng Situatioun ass, déi an deem Mooss nei ass fir déi Concernéiert, awer och fir d'Personal an de Fleegeheemer a fir d'Famillen doheem, déi mat der Krankheet Demenz all Dag ze dinn hunn.
Et ass een Challenge, esou beschreift d’Michèle Halsdorf, d‘Direktiounsbeoptraagten am Fleegeheem "Beim Goldknapp" zu Ierpeldeng un der Sauer d’Situatioun de Moment mat Demenzkranken. D’Aarbecht, wéi ee se bis ewell gemaach hätt, misst komplett ëmgeduecht ginn. Sozial Kontakter a Leit mat enger Demenz aus der Isolatioun huelen, wier komplizéiert. Dofir wier et wichteg de Concernéierten eng Sécherheet ze ginn.
D'Michèle Halsdorf: Do ass et ganz wichteg dat ëmmer individuell ze kucken. Et gi sécherlech vill Mënsche mat enger Demenz, déi kognitiv Capacitéiten hunn, fir ze verstoen, wat déi aktuell Situatioun ass, et soll een de Leit dat och erkläeren. Et soll een de Leit dat op eng ganz einfach Aart a Weis erklären. Wichteg ass et dann och ee Gefill vu Sécherheet dono ze vermëttelen, dat heescht Ängschten ze huelen. An et duerf een net vergiessen - an dat maache mir dacks - datt mir ënnerschätzen, wéi genee d’Leit trotzdeem déi Situatioun am Moment matkréien. Sief et villäicht och net onbedéngt dass se se vum Kognitiven hier verstinn, mee vum Emotionalen hier.
De Persounen, déi doheem een demenzkranke Mënsch versuergen, ass et de Rotschlo, datt een ee routinéierten Alldag soll hunn an datt ee versicht, Aktivitéiten an deen Alldag mat afléissen ze loossen. Wann ee Besoin bestéing, da kéint een och op Hëllef zeréckgräifen. Dofir kann ee sech op der Helpline vun der ALA um 26 432 432 mellen.
Fir Demenzkranker, déi an dësen Zäite géifen eleng wunnen, ass et den Appell un d’Gesellschaft, een Aen op déi Leit ze geheien, fir datt si kenger Gefor ausgesat sinn.
