Quartier "Wunnen am Park"Grondstee fir Residence mat 20 Appartementer a 17 Eefamilljenhaiser geluecht

RTL Lëtzebuerg
An den 90er Jore goung et lass mat den Iddien a Pläng dozou, elo kéim ee sou lues op en Enn, well de ganze Quartier Enn 2021 soll fäerdeg sinn.

Dat sot den Escher Buergermeeschter e Méindeg am fréien Owend an den Nonnewisen, wéi do de Grondstee geluecht gouf fir eng Residence mat 20 Appartementer a fir 17 Eefamilljenhaiser am Quartier "Wunnen am Park".

2003 hat d'Entwécklung vun den Nonnewisen ugefaangen. D'Gemeng wollt aus den 28 Hektar e Quartier mixte maache mat am Ganze 750 Wunnengen. De Fonds du Logement huet och scho 4 Residencen an eppes iwwer 100 Haiser aus deem Quartier op de Maart bruecht.

Quartier "Wunnen am Park"/Reportage Eric Ewald

D'Diane Dupont, Presidentin vum Verwaltungsrot vum Fong, huet e Méindeg Merci gesot fir d'Zesummenaarbecht mat der Escher Gemeng. Et wier ee Projet, dee schonns e puer Joer um Bockel hätt. Et hätt een awer schonns vill realiséiert an et géif och nach vill nokommen. Et hätt een et am leschte Joer hikritt, fir eng Residence an de Locatif ze kréien, doriwwer wier een immens frou, huet d'Diane Dupont erkläert.

De Jacques Vandivinit, Direkter vum Fonds du Logement, sot zum Numm vum Quartier "Wunnen am Park", dass dat esou geduecht wier, dass hei tëscht de Wunnenge vill Gäert entstoe solle mat ville Planzen.

De Fong-Direkter huet nach betount, dass et, wat d'Haiser ugeet, ëmmer méi Demandë gëtt fir méi Schlofkummeren.

Fir den Escher Buergermeeschter Georges Mischo ass d'Mixitéit vum Quartier wichteg, mat zum Beispill Schoul, Crèche, Caféen a Commerce, dat an Zäiten, an deenen och zu Esch de Wunnraum ëmmer méi deier gëtt. Abordabele wär wichteg, an deem Sënn wären d'Nonnewisen eng "Success Story" an als Gemeng wier een houfreg op de Quartier.

De Käschtepunkt vun dësem Projet läit iwwregens bei ronn 9,4 Milliounen Euro fir d'Appartementer an 9,9 Millioune fir d'Haiser, wouvun de Ministère d'Hallschent iwwerhëlt.

Offiziellt Schreiwes vum Fonds du Logement

« Pose de la première pierre d’une résidence mixte et de 17 maisons unifamiliales
à Esch-sur-Alzette/Nonnewisen »

Esch-sur-Alzette, 3 février 2020 – Le Fonds du Logement a procédé ce jour à la pose de la 1ère pierre d’une résidence mixte et d’un ensemble de 17 maisons unifamiliales dans le quartier « Wunnen am Park » à Esch-Nonnewisen. Cette manifestation a eu lieu en présence de Monsieur Henri Kox, ministre du Logement, de Monsieur Georges Mischo, bourgmestre de la Ville d’Esch-sur-Alzette, de Madame Diane Dupont, présidente du conseil d’administration du Fonds du Logement, et de Monsieur Jacques Vandivinit, directeur du Fonds du Logement.

La résidence prendra place coin rue Guillaume Capus/rue Joseph Hackin. Construite sur 3 niveaux, elle comprendra 20 appartements de 1 à 3 chambres-à-coucher pour une surface habitable de 55,64 m2 à 108,20 m2, et 3 espaces pour professions libérales au rez-de-chaussée.

Les 17 maisons unifamiliales prendront place, quant à elles, rue Joseph Hackin, dans le prolongement de la résidence mixte (5SA). Elles comprendront 3 à 5 chambres-à-coucher pour une surface habitable de +/- 134,86 m2 à 199,01 m2.

L’ensemble, destiné à la vente, répond aux critères de la classe énergétique A/A/A.

Les coûts prévisionnels des projets, bénéficiant du soutien financier du ministère du Logement à hauteur de 50 %, s’élèvent à 9.404.286,00 € TTC pour la résidence mixte, et 9.900.907,00 € TTC pour les maisons unifamiliales (terrain, infrastructures, TVA et honoraires inclus).

La conception de la résidence a été confiée au bureau Weisgerber Architecte S.A, tandis que les maisons unifamiliales ont été conçues par le bureau Team 31. Les autres hommes de l’art y participant sont le bureau INCA pour le génie statique, Jean Schmit Engineering pour le génie technique, Luxcontrol pour le contrôle technique et HBH pour la coordination de chantier et la sécurité-santé.

Back to Top
CIM LOGO