Wéinst DampentwécklungGréissere Pompjeesasaz um Hamilius an der Stad
En Donneschdegmoien ass et kuerz virun 10 Auer um Hamilius an der Stad zu enger Dampentwécklung an engem Etablissement um Daach vun engem groussen Akafszenter komm.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Doropshin ass et zu engem gréissere Pompjeesasaz komm. Et gouf e Sécherheetsperimeter gezunn. Géint 10.20 Auer gouf et dunn Entwarnung: Den Asaz gouf beendegt, de Perimeter gouf opgehuewen an d’Leit duerften nees an d’Gebai eran.
Am Asaz waren d’Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper, souwéi eng Ambulanz aus der Stad.
Pompjeesasaz um Hamilius
Pompjeesasaz um Hamilius
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.