No Brand vun engem TraffoStroumpann zu Iernster behuewen

RTL Lëtzebuerg
Zu Iernster an der Gemeng Nidderaanwen war et zu enger gréisserer Stroumpann komm, nodeems en Traffo gebrannt hat.
© Archiv

An der Rue Principale, net wäit vum Parking Duerfplaz, hätt en Dënschdeg de Mëtteg een Traffo, aus bis ewell ongekläerte Grënn, ugefaange mat brennen. Dat huet d'Creos an engem Communiqué matgedeelt. Aus Sécherheetsgrënn war den Traffo vum Reseau geholl ginn, dono haten d'Pompjeeën d'Feier séier ënner Kontroll.

De Stroumnetz-Bedreiwer huet am Laf vum Dënschdegowend matgedeelt, dass d'Problemer mam Elektresch behuewe sinn an d'Uertschaft Iernster rëm mat Stroum versuergt ass. D'Ekippe vu Creos wieren awer weider am Asaz, fir d'Stroumversuergung sécher ze stellen an déi erfuerderlech Aarbechten weider ze féieren. De Bedreiwer bedankt sech bei der Clientèle fir d'Gedold an de Versteesdemech.

Back to Top
CIM LOGO