Podcast vum STATECGidd gewuer wéi eng Meenungsëmfro ofleeft!

RTL Lëtzebuerg
Wéi wielt de Statec d'Leit aus, fir bei enger Enquête matzemaachen? Wisou mécht ee Stéchprouwen a wat ass den Ënnerscheed tëscht Ëmfro an Erfaassung?
© Screenshot Youtube

Äntwerten op dës a méi Froe ginn et am Podcast vum STATEC, dat souwuel op Lëtzebuergesch, wéi och op Franséisch. D'Experte Marco Schockmel a Guillaume Osier liwweren Äntwerten.

Ënnert anerem gëtt an dësem Podcast erkläert, wisou et net méiglech ass, fir sech fräiwëlleg fir eng Ëmfro ze mellen a wéi een eng Representativitéit vun enger Ëmfro garantéiert.

Lauschtert hei de komplette Podcast a gitt méi gewuer!

Back to Top
CIM LOGO