OGBL/LCGBGewerkschafte wëllen Erklärunge vu Regierung zu Vente vu Paul-Wurth-Parten

RTL Lëtzebuerg
Den OGBL an den LCGB fuerderen Explikatioune vun der Regierung am Zesummenhang mam Verkaf vu Paul-Wurth-Parten un den däitsche Grupp SMS.

Wéi d'Gewerkschaften an engem Communiqué schreiwen, géing ee begréissen, datt de Grupp wéilt an d'Innovatioun an an de grénge Stol investéieren hei am Land. Et wier een awer prinzipiell skeptesch, wa Parte vun ëffentlecher a Privathand géinge wiesselen an et géing ee sech Froen iwwert den Impakt op d'Aarbechtsplaze stellen.

Den OGBL an den LCGB géinge gäre wëssen, wéi eng Garantien de Lëtzebuerger Staat vun SMS krut a fuerderen eng Entrevue mam Finanz- a mam Wirtschaftsminister.

Eng méi fréi Demande fir e Rendezvous ze deem Thema wier bis ewell ouni Äntwert bliwwen.

PDF Schreiwes OGBL

Back to Top
CIM LOGO