Bal 3.500 Incidenten am ëffentlechen TransportGewerkschafte gi Piste fir méi Sécherheet u Bord

Diana Hoffmann
D'Regierung huet zesumme mat allen Acteuren aus dem ëffentlechen Transport Bilan iwwer d'Sécherheet an de Busser, Zich an am Tram gezunn.
© RTL

D'Zuel vun de gemellte Virfäll am ëffentlechen Transport ass an engem Joer ëm 5,8 Prozent op 3.461 Incidenten zejoert erop gaangen. Dobäi handelt es sech souwuel em verbal, wéi och ëm physesch Aggressiounen an anert net ubruecht Verhale géigeniwwer dem Personal oder géigeniwwer anere Passagéier.

Sécherheet am ëffentlechen Transport - Reportage vum Diana Hoffmann

D'Regierung betount awer, datt dës Augmentatioun och doduerch kéim, datt Tëschefäll haut méi konsequent géinge gemellt ginn. Dat bestätegt och d'Mylène Bianchi, Presidentin vun der Eisebunnsgewerkschaft Syprolux. Si warnt awer doriwwer eraus, datt "d’Aggressioune vis-à-vis vum Personal an d'Luucht ginn." Heizou géinge Beleidegungen, physesch Ugrëffer an ëmmer méi dacks och Harcèlement sexuel zielen. Vun 2024 op zejoert hätt et e Plus vun 32 Prozent ginn, wat Iwwergrëffer géigeniwwer vum Personal ugeet.

De Paul Glouchitski vum LCGB ass dogéint der Meenung, dass méi Signalementer ganz einfach d’Konsequenz vu méi Incidente wieren. Am éischte Semester 2026 goufen nach eng Kéier bal 8 Prozent méi Incidente registréiert wéi am selwechten Zäitraum 2025. Gläichzäiteg sinn d'Aggressioune géint d'Personal an deem Zäitraum awer liicht (-1,16 Prozent) zeréckgaangen.

Fir d'Sécherheet weider ze verbesseren, ginn ëmmer méi Busser mat gesécherte Chaufferskabinnen equipéiert. Am RGTR hunn antëscht bal d'Hallschent vun de Busser esou Kabinnen. Bei den CFL-Busser sinn et souguer 82 Prozent. De Paul Glouchitski ënnersträicht, dass d’Busser mat Sécherheetskabinne sollen als éischt op Linnen agesat ginn, wou et méi dacks zu Tëschefäll kënnt. Op dëse Linne sollt dann och zu bestëmmten Zäite Sécherheetspersonal an den Asaz kommen.

Esou Sécherheetspersonal gëtt et da schonn u Bord vum Tram an den Zich. Am Tram gouf dëst rezent op zwou Ekippen erweidert. Fir d'Mylène Bianchi geet Sécherheetspersonal eleng awer net duer. Si plädéiert fir eng spezialiséiert Police-Eenheet fir den ëffentlechen Transport.

Aktuell schafft d'Regierung dann un engem neie Gesetz, wat d'Sécherheet, d'Videoiwwerwaachung an d'Sanktiounen am ëffentlechen Transport reegele soll. D'Geldstrofe fir net ubruecht Verhale kéinten dann an Zukunft an d’Luucht gesat ginn. Ausserdeem gëtt ënnersicht, ob Bodycams fir Mataarbechter am ëffentlechen Transport an Zukunft sënnvoll wieren. D'Syprolux mengt, dës kéinten ofschreckend wierken. Dës kéinten dann, anescht wéi di aktuell Kameraen am Zuch a Bus, den Toun mat ophuelen. Och den LCGB ass der Meenung, dass Bodycame kéinten en Deel vun der Léisung sinn.

En Dënschdeg war ënnert der Presidence vun der Mobilitéitsministerin Yuriko Backes de Pilotagecomité fir d'Sécherheet am ëffentlechen Transport zesummekomm. Mat dobäi waren di concernéiert Acteuren, dorënner d'Verkéiersverwaltung ATP, d'CFL, d'Stad Lëtzebuerg, den TICE, de Syvicol, d'Gewerkschaften, d'Police a Luxtram. Ëmmer méi Mënschen notzen hei am Land den ëffentlechen Transport. D'Gare vu Lëtzebuerg zielt ronn 80.000 Passagen den Dagan och d'Zuel vun de Passagéier am Zuch an am Tram ass an de leschte Jore staark an d’Luucht gaangen. Zejoert hunn 31,4 Millioune Passagéier den Zuch geholl an 35,2 Milliounen den Tram.

Back to Top
CIM LOGO