CSV, DP, LSAP, Déi GréngEng "Plattform fir Demokratie", fir demokratesch Institutiounen ze schützen

François Aulner
Jonk Politiker vun CSV, DP, LSAP an déi Gréng hunn um Mëttwoch virun der Press d’Statute vun enger neier Denkfabrick ënnerschriwwen.
Op der Foto (v.l.n.r.): Jessie Thill (déi Gréng), Sammy Wagner (LSAP), Katrin Kohl (DP), Stefano D’Agositino (CSV), Michael Agostini (DP), Fabricio Costa (déi Gréng), Danielle Filbig (LSAP).
© François Aulner

Dës soll konkret Virschléi an déi ëffentlech Debatt bréngen, fir d’Demokratie ze schützen, well déi lescht Joren an den USA notamment Budgete vu Verwaltunge gekierzt, Uerteeler net respektéiert oder d’Parlament bei militäreschen Decisiounen net gefrot goufen.

De Grupp vun CSV, DP, LSAP a Gréng-Politiker fuerderen notamment eng méi staark Biergerbedeelegung, d’Reguléierung vun den Online-Plattformen an neien Technologien an de Schutz vun der fräier Press. Dat wiere Grondwäerter, déi misste preventiv geschützt ginn, well Lëtzebuerg wier, esou de Fabricio Costa vun déi Gréng "keng Insel".

Fir op d’Fo, ob eng méi staark Kontroll vu Soziale Medie keng Zensur wier, ze äntweren, huet de Michael Agostini vun der DP en homophoben Opruff zum Haass géint den Ausseminister Xavier Bettel virgelies. Dat géing weisen, datt d’Online-Plattformen misste méi staark reguléiert ginn.

D’Plattform fir Demokratie gesäit Biergerréit als Plaz, wou Leit aus verschiddene Schichten Demokratie méi kéinte mat liewen an esou d’Demokratie stäerken. De Stefano D’Agostini vun der CSV huet sech fir kontrovers an deliberativ Debatten ausgeschwat, wou een Argumenter austauscht, sech géigesäiteg nolauschteren, Widdersproch aushält a bereet ass seng eege Positioun ze hannerfroen.

Jonk Politiker vun CSV, DP, LSAP an déi Gréng hunn d’Statute vun enger neier Denkfabrick ënnerschriwwen.
Jonk Politiker vun CSV, DP, LSAP an déi Gréng hunn d’Statute vun enger neier Denkfabrick ënnerschriwwen.
© François Aulner

"Kee Club géint d’ADR"

D’Grënner vun der Plattform hu sech als politesch Mëtt bezeechent, déi ënnerschiddlech Meenungen zu verschiddenen Themen huet. Nëmme parteiiwwergräifend kéint een awer d’Demokratie an d’Verfassung schützen.

Bei der ADR hu se net ugeklappt, well se opgrond vu rezenten Aussoe vun ADR-Politiker dovunner ausgaange sinn, datt d’ADR d’Statute vun der neier ASBL net géing ënnerschreiwen. An där stinn ënnert anerem de Respekt vun der Gläichheet vun de Geschlechter an de Schutz vun de Minoritéiten an eng verstäerkten europäesch Integratioun. D’Danielle Filbig vun der LSAP huet awer verséchert, d’Plattform wier "kee Club géint d’ADR". Et wier een op fir anerer, ewéi déi Lénk, d’Piraten oder nach Fokus.

Déi jonk Politiker vun CSV, DP, LSAP hate schonn d’lescht Joer en oppene Bréif un de Premier an un de Chamberpresident geschéckt an d’lescht Joer war och e sougenannte Stresstest vun den Institutioune gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO