CGFP/LCGB/OGBLGewerkschafte fuerderen d'Urgence eng Reunioun mat der Regierung

Roy Grotz
"Haalt op mat Ärem Cavalier-Seul a fänkt endlech mam Sozialdialog un". Dës Revendicatioun geet vun der Gewerkschaftsfront un d'Adress vum Staatsminister.

Den Toun gëtt am État de crise also méi rau. Wéi OGBL, LCGB an CGFP schreiwen, misst no de Wierder elo Konkretes geschéien. D'Regierung hätt zwar Appeller vu Solidaritéit lancéiert, mä dat wier nëmmen eng eegenëtzeg, egoistesch PR-Campagne gewiescht.

D'Gewerkschaften soe sech prett, elo Responsabilitéit z'iwwerhuelen - d'Regierung awer géif mol net op Bréiwer reagéieren an och d'Fuerderung nom Aberuffen vun enger Tripartite géif äiskal ignoréiert ginn.

Et géife Fakten um Bockel vun de Salariéen geschafe ginn. D'Gewerkschafte wieren a kengem Sënn an dës Decisioune mat abezunn. Dëst géif och fir d'Epidemie-Gesetz gëllen, dat ewell den nächste Méindeg géif am Ministerrot debattéiert ginn - hei wieren d'Grondrechter vun alle Bierger betraff - alt nees wieren d'Gewerkschaften net mat agebonne ginn. D'Gedold bei de Syndikater schéngt um Enn. Duerfir fuerderen déi 3 Gewerkschaften d'Urgence eng Reunioun mat der Regierung, fir datt déi schroost Repercussiounen, déi d'Kris op d'Salariés huet, sozial ofgefiedert ginn. Dës Reunioun soll och keng Tripartite sinn, mä en direkt Gespréich mam Staatsminister Bettel.

E Mëttwoch de Moie gëtt iwwerdeem den Avant-Projet vum Epidemie-Gesetz vun de Ministeren Tanson, Lenert a Gramegna an der Chamber presentéiert.

PDF: Schreiwes vu CGFP/LCGB/OGBL

Back to Top
CIM LOGO