AlebaGespréicher iwwer Kollektivvertrag bei Banken an Assurance ginn a 6. Ronn

RTL Lëtzebuerg
D'Aleba bedauert, datt déi grouss Lëtzebuerger Gewerkschaften net bei der Reunioun mat de Vertrieder vum Bankesecteur dobäi waren.

Wéi et vun der Aleba, also der Gewerkschaft fir de Finanzsecteur heescht, hätt een a puncto Kollektivvertrag gutt Gespréicher mat de Vertrieder vum Bankesecteur, der ABBL, an dem Assurancësecteur, der ACA, gefouert.

D'ABBL hätt an der Reunioun mat der Gewerkschaft nei a wichteg Fuerderungen zeréckbehalen a mat der ACA hätt ee sech iwwer "qualitativ Revendicatiounen" auserneegesat. Mat de Vertrieder aus dem Bankesecteur hätt een och nach keen neie Rendezvous fir weider Gespréicher fixéiert, dogéint gesäit ee sech mat den Assurancen den 23. Abrëll a 4. Mee.

PDF: De Communiqué vun der Aleba

Back to Top
CIM LOGO