Gastronomie-Expert Tony TintingerGesetzesreform fir Restauranten a Gréngzone gëtt gefuerdert

Maxime Gillen
Hygiène, Sécherheet an Energieeffizienz: An all dëse Beräicher goufen d'Konzepter an Technologien an de leschte Jore weiderentwéckelt.
© RTL Archiv

Si leie roueg a virun der perfekter grénger Kuliss: Hoteller a Restauranten a Gréngzonen. D'Restriktiounen, fir eppes un dëse Gebaier ze veränneren, sinn am Sënn vum Naturschutz ganz streng, esou dass et dacks net méiglech ass dës Haiser un déi haiteg Normen unzepassen an deemno do och rentabel Betriber ze féieren. A genau dat misst geännert ginn, fënnt op alle Fall de fréiere Stärekach a laangjärege Beroder fir Gastronomie-Betriber Tony Tintinger.

Reform fir Restauranten a Gréngzone - Rep. Maxime Gillen

Hygiène, Sécherheet an Energieeffizienz: An all dëse Beräicher goufen d'Konzepter an Technologien an de leschte Jore weiderentwéckelt. D'Konsequenz dovun ass, dass Hoteller a Restauranten e gudde Pak méi Plaz mussen dofir aplangen, wéi de Gastronomie-Expert Tony Tintinger, um Beispill vun der Kichen an hiren Annexen erkläert: „Fréier huet e Restaurant 25% vun der Surface vum Sall gebraucht. Haut brauch e Restaurant genau esou vill Niewesaach, wéi de Sall wou giess gëtt. Wann also e Restaurant fréier 100 Quadratmeter hat, dann ass et mat 20-25 Metercarré duergaange fir eng Kichen. Mat den haitegen Hygiènesreegele brauch ech dofir genau esou vill Plaz, wéi de Restaurant selwer als Surface huet.“

Dat bréngt allerdéngs och mat sech, dass Gebaier, déi an enger Gréngzon leien an déi an der Zäit fir d'Restauratioun genotzt goufen, haut kaum nach exploitéiert kënne ginn. Si dierfen hir Surface an der Naturschutzzon nämlech net oder kaum vergréisseren, an ouni esou eng Extensioun rentéiert sech de Betrib dacks net méi.

Ee Beispill dofir ass d'Gebai um Waldhaff. Dem Tony Tintinger no, wier e Restaurant haut bei der aktueller Gréisst net rentabel: „Mat där Surface, déi do ass, ass et onméiglech – och mat 50 Plazen – sech à jour ze setze mat eise Gesetzer. Et ass onméiglech, dass en Exploitant op där doter Surface kann en normale Verdéngscht hunn. Ech géif soen, zwee Leit, déi dat exploitéieren als Haaptaarbecht, wann se dat dote maachen, esou wéi et do ass, da gi se Faillite, well si leie wäit ënnert dem Mindestloun, bei dem wat se kënnen erausschaffen. Et muss ee jo och kucken, wat kann een erausschaffen.“

Dowéinst fuerdert de fréiere Gastronom, dass d'Legislatioun esou geännert gëtt, dass Gebaier och a Gréngzonen dierfen esou ausgebaut ginn, dass se engersäits konform mat den haitege Reegele sinn an anerersäits och rentabel kënne funktionéieren. Dass dës Transformatiounen och effektiv néideg sinn, misst dem Tony Tintinger no, dann och kloer bewise ginn: "Am Gesetz, dat dofir misst geännert ginn, misst dann och kloer drastoen, dass d'Necessitéit fir déi geplangten Transformatioune vun enger interner Kommissioun am Ministère jugéiert ginn. Ausserdeem misst kloer sinn, dass dës Ännerungen nëmme gemaach ginn, fir kënne rentabel ze sinn, fir déi haiteg Hygiènes- a Sécherheetsreegele kënnen z'erfëllen a fir en agreabelt Environnement fir de Client kënnen ze schafen."

Gläichzäiteg ass hien der Meenung, dass esouwuel de Staat wéi och d'Gemengen esou Transformatioune solle finanzéieren an dann e komplett equipéiert Gebai solle verlounen. Esou kéint sécher gestallt ginn, dass zum Beispill d'Kiche mat qualitativ héichwäertegen Apparater equipéiert gëtt, déi dann och vill manner Energie verbrauchen. Ma fir dass dat och an enger Gréngzon méiglech ass, missten déi aktuell Gesetzer effektiv ugepasst ginn.

Back to Top
CIM LOGO