LuxAirportGeschwaten Annoncë ginn et och weider op Lëtzebuergesch

RTL Lëtzebuerg
Alles, wat manuell duerchgi gëtt, géif dat och weider op Lëtzebuergesch. Dat sot en Donneschdeg de Moien de René Steinhaus, CEO vu LuxAirport.
© RTL-Archiv

Eis Aufgab ass et, fir d'Passagéier ouni Stress a sécher bei de Fliger ze bréngen. Annoncen an x verschiddene Sprooche féieren zu Dauerbeschallung, mä Lëtzebuergesch ass bei eis um Fluchhafe ganz present, dat sot de CEO vu LuxAirport René Steinhaus bei eis op der Antenn. Lëtzebuergesch wier ëmmer um Findel gewiescht a géif dat och an Zukunft bleiwen, och wann déi automatesch Annoncen ewechfalen. D'Passagéier géife mat engem "Moien" begréisst ginn an d'Personal och Lëtzebuergesch schwätzen.

An de leschten Deeg hat jo d'Nouvelle, datt déi automatiséiert Duerchsoen um Findel net méi op Lëtzebuergesch sinn, fir eng gewëssen Opreegung gesuergt. Ënnert anerem d'Actioun Lëtzebuerg hat sech ëffentlech driwwer geieregt, datt mat dëser Joerzéngten aler Traditioun gebrach géif ginn. Um Findel géife Leit vun 160 verschiddenen Natioune passéieren, sou de René Steinhaus, an datt de Findel sech dem internationalen Trend upasst. Vum Changement betraff si wéi gesot just déi automatesch Duerchsoen. Alles wat net vum Band kënnt, ma vun enger Persoun an de Mikro geschwat gëtt, geschitt weider och op Lëtzebuergesch.

De René Steinhaus iwwer déi automatesch Usoen

LuxAirport huet dëst Joer déi elektronesch automatiséiert Annoncen erneiert. Déi gi just nach op Franséisch an Englesch gemaach. Eng personaliséiert Offer op Lëtzebuergesch wier ze deier ginn a vun den zousätzlechen Onkäschten hier net kompatibel mat der aktueller Kris an der Aviatioun, haten d'Ministere Bausch an Asselborn op eng parlamentaresch Fro vum adr-Deputéierte Fred Keup geäntwert.

Back to Top
CIM LOGO