
An engem Communiqué, deen och un d'Geschäfter gaangen ass, deelt de Cactus dat senge Locataire mat. Dës misste fir de Mount Abrëll a Mee da just hir Chargen a Fraise bezuelen, vum Loyer géife si befreit bleiwen.

Fir d'Betriber an der Belle Etoile kënnt dann nach dobäi, datt d'Geschäfter sech hei och net mussen um Publicitéitsbudget fir déi zwee Méint bedeelegen an och d'Reklamm am Belle-Etoile-Magazin fir näischt ass.